Frot den Historiker!

Wann Dir méi Informatiounen iwwert #memorecord braucht, kënnt Dir d’Responsabel vum Projet kontakteieren: Anita Lucchesi.

Wien ass d’Anita?

D’Anita mëscht seng Dokteraarbecht an der “Digital and Public History” am (Centre for Contemporary and Digital History, op der Université du Luxembourg), mat engem Projet, dee vum Fonds national de la recherche Luxembourg (AFR-FNR PhD Grant, de Projet leeft vun 2015-2018) finanzéiert gëtt. Hatt huet e Master an der Histoire Comparée vun der Universitéit Rio de Janeiro, souwéi en Ofschloss a Geschicht vun därselwechter Uni. Dem Anita seng Bacheloraarbecht zur Bezéiung vu Geschicht an neie Medien huet de Präis vun der Brasilianescher Gesellschaft fir Geschichtstheorie an Historiographiegeschicht gewonnen an ass als Ebook publizéiert ginn. Seng Masteraarbecht huet d’Entwécklungen vun der Digital History/digitaler Historiographie an Italien an an den USA an der Zäit tëscht 2001 an 2011 verglach. Säi PhD fokusséiert sech op Erënnerunge an Narrativen vu Migranten zu Lëtzebuerg. Dofir benotzt hatt Methoden vun der digitaler Public History, fir historesch Quellen ze sammelen an ze analyséiere, souwéi eng interesséiert Communautéit an de Projet anzebannen. D’Anita ass Member vum Comité vum lëtzebuergesche Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, Member vum Comité vun der Rede Brasileira de História Pública an Tresorière vun der Fédération internationale pour l’histoire publique.

Fir dem Anita seng Publikatiounen ze gesinn kuckt op säi Profil op der C2DH Websäit.