Maacht mat

Dëst Crowdsourcing  Experiment ass op d’Participatioun vun enger Communautéit ugewisen. Andeems dir en Deel vun dësem kollektive Projet gitt, kënnen är Erënnerungen a perséinlech Geschichten eis hëllefen, fir méi iwwert d’historesch Aspekter vu Migratioun gewuer ze ginn.

#memorecord freet sech iwwert all Post deen e Lien zu Erënnerunge vu Migratioun zu Lëtzebuerg huet. Erzielt eis är Geschicht. Maacht mat! Benotzt #memorecord an äre Facebook an Instagram Posts.

Jiddereen, deen interesséiert ass, kann och matmaachen andeems een e Bréif un d’Responsabel vum Projet schéckt:

✉ Anita Lucchesi
Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH)
Université du Luxembourg
Maison des Sciences Humaines
11, Porte des Sciences
L - 4366 Esch-Belval

Wéi #memorecord funktionéiert

All ëffentleche Post op Facebook an Instagram, dee mam Hashtag vum Projet (#memorecord) markéiert ass, wäert op eisen sozialen Netzwierker an eiser Galerie vun der Websäit ënner Geschichte gedeelt ginn. Eis Grondsätz fir d’Sammele vun äre Geschichte respektéiert d’Privatsphär-Astellunge vun de User an hiren Originalposts op Facebook an Instagram, sou datt nëmme Posts, déi oppen an ëffentlech sinn, gesammelt ginn. Wann e Post op Facebook oder Instagram geläscht gëtt, wäert en och vun eise sozialen Netzwierker an eiser Websäit-Galerie geläscht ginn.

Wann dir eppes wëllt privat deelen, kënnt Dir Iech och gären un d’Responsabel vum Projet per E-Mail. wenden.

Firwat zielt är Participatioun ?

Eng vun den Haaptfroen, déi #memorecord versicht ze beäntweren ass: “Wat steet hannert der erfollegräicher Migratiounsgeschicht zu Lëtzebuerg?”. Wat méi Leit matmaachen, wat eis Sammlung méi diversifizéiert gëtt, desto méi breet an demokratesch kann eis Äntwert ginn.

#memorecord heescht Lëtzebuerger a Migrante vun allen Nationalitéite si wëllkomm fir hier Erënnerungen vu Migratioun zu Lëtzebuerg ze deelen. All Sprooche si wëllkomm. Drot ären Deel dozou bäi fir dësen Erënnerungsmosaik ze komplettéieren. Erzielt eis är Geschichten. Maacht mat!