De Projet

Memorecord ass en digitalen Public History Projet. E kombinéiert gemeinschaftlech Participatioun an akademesch Fuerschung mam Zil, eng nei Perspektiv op d’Geschicht vun der Migratioun zu Lëtzebuerg ze bidden. De Projet benotzt nei Kommunikatiounstechnologien fir der Geschicht eng nei kooperativ Approche ze ginn.

Dës Crowdsourcing-Experiment setzt op d’Participatioun vun der Communautéit. Firwat matmaachen?Är Erënnerungen a perséinleche Konten kënne mir hëllefen, méi iwwer d’historesch Aspekter vun der Migratioun zu Lëtzebuerg ze verstoen.

Akademesche Background

Dësen Internetsite ass Deel vun engem PhD Fuerschungsprojet mam Titel “Shaping a digital memory platform on migration narratives: A public history project on migration memories in Luxembourg”, dee vum Anita Lucchesi am  Center for Contemporary and Digital History, op der Uni Lëtzebuerg duerchgefouert a vum Luxembourg National Research Fundfinanzéiert gëtt.

D’Zil vum Projet ass et, d’Erënnerung u Migratioun an d’Narrativer dozou zu Lëtzebuerg ze erfuerschen. Dofir kombinéiert dës Fuerschung eng multiperspektivesch kulturgeschichtlech Approche mat enger systematescher historescher Analys vun den duerch Migrante vermëttelten Erënnerungen. D’Perspektiv vun dësem Projet ass eng “Geschicht vun ënnen” an andeems en innovativ digital Methoden benotzt, baséierend op Methode vun der digitaler Public History, versicht en, eng alternativ Aart vu Storytelling duerch digital Technologien ze erméiglechen. Sou soll och eng Bedeelegung vun der Gesellschaft gefërdert an hier eng eege Roll als Acteur an der Geschicht zougesprach ginn. Ee vun den Haaptresultater vun dësem Fuerschungsprojet an och der Dokterthees ass d’Entwécklung vun der kollektiver Memorecord Plattform, déi entwéckelt ass, fir eng alternativ digital Approche zum Storytelling iwwer Migratioun zu Lëtzebuerg ze kultivéieren an Erënnerunge vu verschidde Generatiounen a Communautéiten online ze deelen. D’Resultater vun dësem Crowdfunding-Experiment wäerten dës Fuerschung hoffentlech iwwert d’Standarderzielung vun der Migratioun zu Lëtzebuerg erausféieren. Wat steet hannert der erfollegräicher Geschicht vu Migratioun zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus?

Déi zentral empiresch Erausfuerderung vun dësem Projet ass de Prozess, eng Plattform ze bauen an ze féieren, déi als Beispill fir eng Public History dénge kann, déi op digital Instrumenter an Technologien opbaut. D’Plattform funktionéiert als Raum fir d’Teste vun „Digital History“-Methoden (wéi zum Beispill Crowdsourcing, Web Scraping, d’Analyse vu soziale Medien, Distant Reading an Topic Modelling) an als Plaz, wou eng aktiv Ausernanersetzung mat den ze erfuerschenden Theme stattfënnt. An dësem Sënn wëll de Projet zur lëtzebuergescher Historiographie iwwert Migratioun bäidroen an eng Reflektioun iwwer methodologesch an epistemologesch Froen am Feld vun der digitaler Public History/den Digital Humanities ustoussen. Dëst geschitt virun allem andeems analyséiert gëtt, wéi een Effekt digital Methoden an déi spezifesch Charakteristike vun digitaler Quellekritik op den historiographesche Prozess hunn.

Den originale Fuerschungsvirschlag, dee beim Fonds National de la Recherche agereecht gouf, fannt Dir hei.