privatsphär

Memorecord respektéiert d’Privatsphärastellungen vun de Benotzer an hiren originale Posts op Facebook an Instagram. Nëmme Posts, déi oppen an ëffentlech si, gi gesammelt an op dëser Websäit gewisen.

Andeems se den Hashtag #memorecord an hiren ëffentleche Posts benotzen, trieden d’Benotzer dem #memorecord Projet bäi. E Link an eng Virschau vum Post ginn an der #memorecord Galerie ënner Geschichten, ugewisen an den original Post kann direkt op Facebook oder Instagram opgeruff ginn. Wann e Post zu engem Zäitpunkt vum User op sengem Account geläscht gëtt, ass en och net méi an der #memorecord Galerie siichtbar.

Wann dir Froen hutt, zéckt net d’Responsabel vum Projet, Anita Lucchesi, ze kontaktéieren.